Alter vun den TICE-Busser

Am Kader vun engem Gesetzesprojet zu de Busser vum CFL gouf an der Chamber och iwwert den TICE geschwat. Et goufen dozou och Motioune virgeluecht, déi awer vun der Majoritéit ofgeleent goufen. An den Diskussiounen zu enger Motioun goung et och ëm den Alter an den Amortissement vun de Busser vum TICE. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi al sinn d’Busser vum TICE (opgelëscht pro Bus)? 

  2. Ab wéi engem Alter ginn d’Busser beim TICE aus dem Service geholl?

  3. Wéi al ass den eelste Bus, deen am Moment nach vum TICE benotzt gëtt? Wéi al ass de jéngste Bus, deen am Moment nach vum TICE benotzt gëtt? 

  4. Bis wéini ass geplangt, dass d’Busser aus der aktueller Flott sollen a Benotzung bleiwe respektiv bis wéini soll de neiste Bus aus der aktueller Flott vum TICE fir den Transport vu Persoune genotzt ginn?

  5. Wéi héich wäert viraussichtlech de Käschtepunkt fir eng komplett Erneierung vun der Busflott mindestens sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 950

Mir hunn eng Nofro heizougestallt:

Fro Nummer 1098

Verlaf an der Chamber

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°950 hat d’Mobilitéitsministesch Donnéeën zum Alter vun de Busser vum TICE geliwwert. D’Ministesch schreift heizou: 

Wann d’Busser amortiséiert sinn, ginn se gréisstendeels ofgestouss.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi vill TICE-Busser goufen an deene leschten 10 Joren zu Lëtzebuerg exmatrikuléiert?Wéi vill dovunner sinn an d’Ausland verkaf ginn, fir do weider ze fueren?Wéi vill si ganz ausser Betrib geholl ginn?
  2. Wat ass den duerchschnëttleche Kilometerstand vun de Busser, déi an de leschten 10 Joren ofgestouss goufen?
  3. Den eelste [Bus] ass den 05.01.2009 immatrikuléiert ginn. Wat ass de Kilometerstand vun dësem Bus? Kéinten déi meeschte Busser, ënnert normale Bedingungen, esou laang a wäit fueren?
  4. Wat ass den duerchschnëttlechen Akafspräis vun den TICE-Busser gewiescht (opgelëscht pro Joer, op déi lescht 10 Joer gekuckt)?
  5. Wat ass den duerchschnëttleche Verkafspräis vun den TICE-Busser gewiescht (opgelëscht pro Joer, op déi lescht 10 Joer gekuckt)?

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren