All Gemeng anescht: Drénkwaasserpräisser

Zu Lëtzebuerg ass d’Drénkwaasser aus dem Krunn eng däitlech méi bëlleg a qualitativ héichwäerteg Alternativ zum Waasser aus Fläschen. Obwuel d’Drénkwaasserpräisser an all Gemeng däitlech ënnert dem Präis vum Fläschewaasser leien, ginn et awer nach grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi hunn sech d’Drénkwaasserpräisser an de Gemenge rezent entwéckelt?
    Kann d’Regierung als Ergänzung zu der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°7829 vum 29/03/2023 eng aktualiséiert Tabell mat den aktuellen Drénkwaasserpräisser pro Gemeng opstellen?

  2. Wou sinn déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt Analyse fir eng eventuell Harmoniséierung vum Waasserpräis drun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 775

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene