Alerte rouge wéinst Schnéi a Glëtz

Fir de 17te Januar gouf eng Alerte rouge fir ganz Lëtzebuerg ausgeruff, well mat vill Glëtz a Schnéi gerechent gouf. Doropshi goufe vun der Cellule de crise eng ganz Rei Mesurë festgeluecht. Et gouf recommandéiert, dass all onnéideg Trajete sollen evitéiert ginn. Leit, déi d’Méiglechkeet hätten, fir iwwert den Teletravail ze schaffen, sollten dëst maachen. Zudeem sollten d’Coursen an de Schoulen am ganze Land ausfalen an an de Schoule just een Accueil mat dem dofir absolut noutwennege Minimum u Personal assuréiert ginn. An engem Social Media Post vum SEW gëtt sech awer doriwwer beschwéiert, dass verschidden Direktiounen sech net net un dës Consigne gehalen hätten. Si hätten: “net kommunizéiert a sech stuer un d’Circulaire Intempéries gehalen, déi eng ‘Obligation de moyen de se rendre à l’école’ fir all Léierpersoun dekretéiert”. Domat hätten sech vill Persoune vum Léierpersonal onnéidegerweis missten deplacéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass sech eng Rei vun den Direktiounen net un d’Consigne gehalen hunn, den Accueil an de Schoule mat dem absolut noutwennege Minimum u Personal ze assuréieren?

  2. Gëtt et eng uniform Applikatioun vum Educatiounsministère, mat där d’Direktiounen/d’Léierpersonal mat den Elteren a Schüler:inne ka kommunizéieren a wéi leeft dat am Allgemengen of?

  3. Firwat gouf fir de 17ten Januar net decidéiert, op de Cours à distance – wéi et e jo zu Zäite vun der Covid-19 Pandemie gouf – ëmzeklammen, fir esou net e ganzen Dag Schoul ze verléieren?

 

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,