A menger Fro N°3810 hunn ech d’Gesondheetsministesch gefrot, ob si am Kader vun der Covid-Kris net nëmme statistesch festhale géif, op eng Persoun, déi um Covid erkrankt, männlech oder weiblech ass, mee och spezifesch festhält, op et sech em eng transgender oder intergeschlechtlech Persoun handelt. Hannergrond ware rezent Erkenntnesser, dass Männer méi oft mat schwéiere Krankheetsverleef bei Covid-Infektiounen ze kämpfen hätten ewéi Fraen, ouni dass kloer war, wéi transgender oder intergeschlechtlech Persoune betraff sinn, well et un Date gefeelt huet. An der Äntwert vun der Regierung heescht et elo:
“D’Direktioun vun der Santé erfaasst net d’Unzuel vu net-binaire Persounen am Kader vun der Covid-19 lnfektioun. D’Prioritéit fir d’Santé ass aktuell déi méiglechst efficace Gestioun vun der Covid-19 Pandemie an dobai spillt dat biologescht Geschlecht eng Roll (Manner hu statistesch e gréisseren Risk wéi d’Fraen) mee d’sexuell Orientatioun an ldentitéit vun der Persoun déi infizéiert ass, ass net relevant.”
An dëser Äntwert gesäit een, dass d’Regierung engersäits de Sujet vun der sexueller Orientéierung mat deem vun der perséinlecher Geschlechtsidentitéit vermëscht an anerersäits auszeschléisse schéngt, dass et méi wéi zwee biologesch Geschlechter gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d’Regierung der Meenung, dass et just zwee biologesch Geschlechter gëtt?
-
Ass d’Regierung der Meenung, dass sech intersexuell Persounen ëmmer kloer enger vun de Kategorien “Mann” oder “Fra” zouuerdne loossen?
Falls jo, wéi gëtt virgaange bei intergeschlechtleche Persounen, déi genetesch Variatiounen opweisen a wéi bei Persounen, déi hormonell Variatiounen opweisen? -
Ass d’Regierung wierklech der Meenung, dass et bei enger Krankheet, déi verschidde Ausprägunge je nom Geschlecht vum Infizéierten unhuele kann, net relevant ass, zu der internationaler Datebasis iwwert de Krankheetsverlaf bei intergeschlechtleche Persoune bäizedroen?
-
Wéi schléisst d’Regierung aus, dass déi genetesch oder hormonell Variatiounen, déi intergeschlechtleche Persounen opweise kënnen, weder eng Ufällegkeet nach eng Resilienz vis-à-vis vum Covid-19 mat sech bréngen, obwuel Etude weisen, dass sech an dësem Kontext Ënnerscheeder tëscht Männer a Frae feststelle loossen?
-
Kann d’Regierung ausschléissen, dass gewëssen hormonell Traitementer, deenen sech transgender Persounen am Kader vun enger eventueller Geschlechtsupassung ënnerzéien, eng Ufällegkeet oder eng Resilienz vis-à-vis vum Covid-19 mat sech brénge kënnen?
-
Falls d’Regierung déi an de Froen N°4 a 5 genannte Fäll net ausschléisse kann, firwat fënnt si et net relevant, Daten iwwert dës Persounegruppen ze erhiewen?