Akzeptéiert de lëtzebuergesche Generalkonsulat zu Shanghai Ratings vu Sesame Credit?

Mir wollten vum Ausseminister wëssen, ob et stemmt, dat et een Accord tëscht Sesame Credit (engem Credit Rating System, deem massiv online Notzerdaten sammelt, späichert an auswäert) an dem letzebuerge Generalkonsulat zu Shanghai gëtt.

  Am Folgenden fannt dir eis ganz Fro:

D’Onlinepress mellt, datt en Accord tëscht dem lëtzebuergesche Generalkonsulat zu Shanghai a Sesame Credit (engem Credit Rating System vun Ant Financial) et auslännesche Persounen erméiglecht, méi einfach e Visa fir Lëtzebuerg unzefroen. Huet eng Persoun ob der Onlineplattform vun der genannter Firma e gewëssene Ranking erreecht, kann si hire Visa ufroen, ouni dass si zousätzlech Dokumenter fir d’Noweise vun hirer Solvabilitéit areechen muss. Sesame Credit sammelt d’Informatioune vu sengen Notzer dobäi online an analyséiert d’Verhale vun den Notzer am Internet, hier Kreditgeschicht, hier Méiglechkeete fir Kreditter zeréck ze bezuelen, perséinlech Informatiounen an hier Social Media Accounts.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Kann den Här Minister bestätegen, datt d’Generalkonsulat zu Shanghai en Accord mat Sesame Credit huet?
  • Wéi vill Persounen hunn bis elo e Visa mat engem Rating vu Sesame Credit ugefrot?
  • Zenter wéini offréiert d’lëtzebuergescht Generalkonsulat zu Shanghai d’Méiglechkeet mat Hëllef vu Sesame Credit e Visa unzefroen? Wäert des Offer an Zukunft ob aner Länner an/oder aner Entreprisen erweidert ginn?
  • Wéi ass dem Ausseministère seng Entscheedung mat enger privater Entreprise zesummenzeschaffen, déi Date vu Privatleit sammelt a späichert, zustane komm? Sinn och aner Entreprisen a Consideratioun geholl ginn?
  • Wéi garantéiert d’Regierung, dass d’Informatiounen, déi Sesame Credit un de Konsulat weidergëtt, der Realitéit entspriechen?
  • Wéi eng Base légale garantéiert, dass de Ranking vu Sesame Credit beim Konsulat mat engem offiziellen Dokument iwwert d’Solvabilitéit vun enger Persoun gläichgestallt muss ginn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in