aktuelle Stand vun der Elektromobilitéit

Den deemolegen an aktuelle Mobilitéitsminister hat an engem Interview vum 16te September 2017 am Tageblatt ugekënnegt, dass bis d’Joer 2020 insgesamt 40000 Elektroautoen op eise Stroosse rulle sollen. An der parlamentarescher Fro n°1248 huet den aktuelle Mobilitéitsminister awer erkläert, dass dat Zil vu 40000 Elektroautoen zu Lëtzebuerg bis Enn 2020 net erreecht géif ginn, woumadder e sollt Recht behalen. Stand haut si mer hei am Land bei ronn 13000 rengen Elektroautoe bei engem Gesamtfuerpark vu ronn 600000 Autoen (data.public.lu). Dat sinn 2 Prozent.

Dat neit erkläerten Zil vum Minister soll et sinn, dass bis 2030 d’Hallschent (50%) vum nationale Fuerpark Elektroautoe sinn. Dat wieren, op d’Zuele vun haut gekuckt, ronn 300000 E-Autoen. Dat setzt viraus, dass mer hei am Land och genuch Kapazitéiten hunn, fir dës Autoen opzelueden – an dat doheem wéi och am ëffentleche Raum. De Minister sot an engem Interview mam Lëtzebuerg Land vum 21te Januar 2022: “Die meisten Menschen werden ihr Auto aber eh zuhause aufladen.”

Verschidden Haushälter bekloen awer elo schonn, dass si nëmme beschränkt Luetstatioune bei sech doheem installéiere kënnen, well d’Leeschtung um Netz et net hiergëtt. Esou krute Persoune keng Luetstatioun bei sech doheem installéiert, well net genuch Kapazitéiten am Netz waren. D’Installatioun vun enger Luetstatioun géif mat sech bréngen, dass am Haus oder bei den Nopere kee Stroum do wier, dee Moment, wou den Auto géif un der Prise hänken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Elektroautoe goufen zënter 2017, opgelëscht pro Joer, hei am Land immatrikuléiert?  Wat ass de relativen Undeel par Rapport zur Gesamtzuel un Nei-Immatrikulatiounen?

  2. Wéi vill ëffentlech Luetstatioune ginn et aktuell hei am Land?  Wéi verdeelen sech dës Luetstatiounen op déi verschidde Kantonen? Wéi verdeelen sech dës Luetstatiounen op déi verschidde Gemengen?

  3. A wéi ville Fäll krut ee Proprietaire an deene leschten 3 Joer refuséiert, eng Luetstatioun (opgeschlësselt pro Joer no privat an ëfffentlech) z’installéieren a wat waren d’Grënn vum Refus?

  4. Wéi gesäit de Plang vun der Regierung aus, fir dass bis 2030 déi 300000 Elektroautoen kënnen doheem  opgeluede ginn, onofhängeg dovunner, wéi d’Netzleeschtung ausgesäit?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6522

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene