Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och vu mir ee grousse Merci un d’LSAP an un d’Madamm Closener, fir dëse wichtege Sujet elo schonn eng Kéier op den Ordre du
jour ze setzen, well ech mengen, mir hoffen alleguerten, datt eis Covid-19-Vaccinen hir Wierkung weiderhi behale wäerten, mee kee kann ausschléissen, datt mer net awer nach mat enger neier Variant vum Covid-19 kéinte konfrontéiert ginn, géint déi eis Impfunge vläicht awer net dee Schutz bidden, dee mer eis erhoffen.
Dat géif eis wäit zréckgeheien an hätt natierlech och nees en Afloss op de Schoulbetrib. Dofir ass et wichteg, datt mer eis deementspriechend virbereeden. Déi vergaange Lockdownen hu gewisen, wou de Schong dréckt, an dës Erfarunge sollte mer notzen.
Mir hu gesinn, datt net an all Famill d’technesch Geräter esou disponibel waren, wéi se gebraucht goufen, datt den Dateschutz e grousse Problem duergestallt huet an datt d’mental Gesondheet vun deene Jonken eng besonnesch Opmierksamkeet verdéngt. Dat sinn alles Punkten, un deene mer schaffe mussen, an dat net just, fir op e Worst case-Zenario preparéiert ze sinn. All Kand e besseren Zougang zur Technologie ze erméiglechen, d’Date vu Mannerjärege gesetzeskonform ze schützen an emotional Problemer eescht ze huelen, dat sinn d’Ziler, déi och iwwert d’Pandemie eraus eng wichteg Bedeitung hunn.
D’Piraten géife sech dofir freeën, wann iwwert de Summer gemeinsam mam Terrain géife Léisungen ausgeschafft ginn, fir genau dës wichteg Punkten unzegoen. Ech limitéiere mech op dës Punkten, well d’Zäit an den Heure-d’actualitéë jo dach uerg limitéiert ass.
Een dovun ass awer wéi gesot den Dateschutz. Aktuell ginn am Enseignement Applikatioune benotzt, déi Benotzerdaten am grousse Stil späicheren an u Serveren, bei deenen de Standuert net ëmmer ganz kloer ass, weiderginn. A wa mer vum Enseignement schwätzen, da schwätze mer vu Mannerjäregen. Si verdéngen e besonnesche Schutz. Mee dee kréie se am Moment net. Dofir huet et mech och schockéiert, wéi ech gëschter d’Äntwert vum Bildungsminister op meng Question parlementaire gelies hunn, wou e seet, d’Kommunikatioun an d’Dateveraarbechtung duerch d’Programmer vu Microsoft Office 365 wäre sécher a géifen de Richtlinne vum GDPR entspriechen.
De Landesbeoptraagte fir Dateschutz an Informatiounsfräiheet aus Baden Württemberg huet virun engem Mount eréischt nees dovir gewarnt, datt Office 365 fir den Asaz a Schoulen net gëeegent ass, emol net an enger extra fir d’Schoul ausgeschafftener Form, well d’Schoule keng vollstänneg Kontroll iwwert de System hunn, een net novollzéie kann, wéi eng Daten zu wéi engem Zweck gespäichert ginn, an och kee weess, ob d’Späichere wierklech op deen néidege Minimum beschränkt gëtt.
Eng Recherche vun „Netzpolitik“ huet erginn, datt d’Dateschutzerklärung vu Microsoft Office 365 an der PDF-Versioun 459 Säiten ëmfaasst, mat Informatiounen iwwer schätzungsweis 8.000 bis 10.00 Diagnosedaten, déi bei der Notzung erhuewe kënne ginn. An dat soll engem gesetzeskonformen Dateschutz entspriechen! Et kann ee sécher verzeien, datt an enger éischter Phas, dunn, wéi d’Kris ugefaangen huet, mer net virbereet waren an eeben deen Outil benotzt hunn, dee mer séier konnten deployéieren. Mee dësen Hierscht wäert schonn dat drëtt Schouljoer an der Covid-19-Zäitrechnung ugoen, an da muss een einfach gesetzeskonform Kommunikatiounsalternative bidde kënnen. Vläicht kann eis de Minister haut jo nach eng Kéier e wéineg méi zu senger eegener Interpretatioun vum Europäeschen Dateschutzreglement soen.
Här President, en anere ganz wichtege Punkt, deen iwwert de Summer misst gekläert ginn, ass wéi gesot – an e puer Virriedner hunn et ugeschwat – deen, wéi mer d’psychologesch Prise en charge vun eise Kanner verbessere kënnen. Mir héieren et vun alle Säiten: D’Kanner leiden, d’Kris ass net spuerlos un hinne laanschtgaangen. Déi méi grouss kënnen et méi kloer kommunizéieren, fanne vläicht Wierder. Mee och déi kleng hate mat Ängschten an Ongewëssheeten ze kämpfen. Dofir mussen dréngend Weeër fonnt ginn, wéi mer d’Aarbecht vu Psychologen a Psychotherapeuten esou an de Schoulalldag abaue kënnen, datt mer d’Kanner opfänke kënnen, éier et ze spéit ass.
An dat wäert net goen, andeems mer weiderhi just e Schoulpsycholog hunn, deen zwar e Büro huet, mee wou d’Majoritéit vun de Schülerinnen a Schüler sech net hintraut, well de Stigma, „verréckt ze sinn“ oder „Problemer ze hunn“, ze grouss ass. Mir mussen den Austausch tëscht de Kanner an de Psychologen zu engem feste Bestanddeel vum Schoulalldag maachen. Firwat huet zum Beispill net all Kand d’office all Trimester e Rendez-vous beim Schoulpsycholog, fir einfach e bëssen iwwert dat Erlieftend ze schwätzen, wann d’Elteren zoustëmmen? Esou kéint d’Äis gebrach ginn an de Psycholog zu engem bekannten Uspriechpartner gemaach ginn, fir Problemer esou fréizäiteg ze erkennen. Vill mental Problemer entwéckele sech mat der Zäit, soudatt de Leidensdrock vun de Betraffenen däitlech reduzéiert kéint ginn duerch eng fréizäiteg Erkennung.
Här President, et géif nach vill ze soe ginn, mee ech kommen zum Schluss. Ech hu probéiert, zwee Punkten, déi mer ganz besonnesch um Häerz leien, hei unzeschneiden. Mee ech denken, datt mer eis all eens sinn, datt et nach vill weider Sujete gëtt, déi eis Opmierksamkeet fir déi nächst Rentrée verdéngen an déi jo och zum Deel vu menge Virriednerinnen a Virriedner ugeschwat goufen.
Et gëtt also genuch ze maachen. An ech hoffen, datt hei déi néideg Aarbechten esou séier wéi méiglech vun der Regierung an Zesummenaarbecht mam Terrain an Ugrëff geholl wäerte ginn.
Ech soen Iech Merci.
- February 6, 2025
- 2:36 pm
- Parlamentaresch Froen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat