Aktualitéitsstonn iwwert d’Mobilisatioun vum onbewunnte Wunnraum a viabiliséierten Terrainen

Marc Goergen:
Här President,
mir soen „déi Lénk“ Merci fir dës Aktualitéitsstonn. An eigentlech misste mer als Chamber bal all Woch esou eng Stonn zur Logementspolitik hunn, well déi Problematik fir immens vill Leit hei am Land vu Bedeitung ass, awer keng wierklech Besserung an Aussiicht ass. Mee driwwer ze diskutéiere geet net duer, mir mussen och handelen!
Et vergeet keng Woch oder och bal keen Dag, an dat zënter Joren, wou net op d’mannst eemol an der Press oder op Social Media ze liesen ass, wéi schlëmm d’Situatioun um Wunnmarché zu Lëtzebuerg ass. D’Madamm Oberweis schreift an hirer Demande vun der Waardelëscht vun der SNHBM an och vun de soziale Mietorganisatiounen, der AIS, wou Dausende Leit drop waarden, dass eppes Erschwéngleches um Wunnmarché fir si kënnt.
Wéi ech schonn dëse Mount a menger Ried zum Spezialfong vum Logement sot: D’Donkelziffer vu Leit, déi eng erschwénglech Wunneng brauchen, läit warscheinlech nach vill méi héich, wéi dat op de Waardelëschten ze erkennen ass. Wärend op där enger Säit d’Nofro un erschwénglechem Wunnraum fir d’Leit an d’Luucht geet, muss een op där anerer Säit feststellen, dass d’Offer u Wunnengen net nokënnt. A wéi déi Lénk an hirer Demande zu Recht schreiwen, sinn do Terrainen, déi een och kéint bebauen, an och Haiser oder Wunnengen, déi kéinte bewunnt ginn. Hei dierf een awer net de Feeler maachen an alles op ee Koup geheien. Een Terrainsbesëtzer ass net gläich wéi een aneren. De Staat ka legal net direkt higoen an all mobiliséierbaren Terrain zu Lëtzebuerg huelen a bebauen, well net alles säin Terrain ass.
Am Joer 2016 huet den Observatoire de l’habitat eng Etüd gemaach vum potenzielle Foncier zu Lëtzebuerg. Hei geet ervir, dass d’ëffentlech Hand, also d’Gemengen, de Staat an d’ëffentlech Fongen, ronn 6 % vun de Baulücke besëtzen. Dat sinn ëmmerhin 170 Hektar, also 1,7 Millioune Quadratmeter, déi fir bezuelbare Wunnraum kéinte gebraucht ginn.
An hei wier meng Fro un de Minister: Wéi vill vun dësen Terraine sinn dann zënter 2016 effektiv scho bebaut ginn? Wéi vill dovunner befanne sech am Bau? An op wéi vill Terraine gouf nach guer näischt gemaach?
Well wann ech kucken, huele mer als Beispill bei mir an der Gemeng Péiteng, do läit zënter Joren e risegen Terrain um Eucosider prett, wou Honnerte Wunnenge kéinte kommen. Ma anscheinend, esou d’Majoritéitssäit, gëtt gemunkelt, dass se an de Ministèren op deenen Dossieren träntelen. Wat ass doru wouer? Wéi oft blockéiert de Staat sech selwer, well vu Regierungssäit sech näischt beweegt?
Fir eis Piraten ass kloer, dass mer net dierfen ufänken, als Staat de klenge Leit an dem Mëttelstand Terrainen ewechzehuelen, se souguer ze enteegnen, fir ze bauen. Déi kleng Leit, déi een Terrain hu fir hir Kanner oder geierft hunn, déi sinn net de Problem. Vergiesse mer net, dass eng Etüd vum LISER vun 2019 erausfonnt huet, dass 442 Hektar, also 14,9 % vum potenzielle Bauland, am Besëtz vun nëmme 746 Gesellschafte sinn.
Also ier mer un déi kleng Leit ginn, kommt, mir ginn d’Terrainen do huelen, wou se en masse sinn, do, wou déi grouss Firmen a Leit mat groussem Portmonni sinn, déi et net interesséiert, ob et am Land engem gutt geet, mee just, wéi et hirem Portfolio geet. Wa mer vu méi héije Besteierungen op Terraine schwätze, da kommt, mir ginn hin a kucken
am Kadaster, wien dann Honnerte vun Terrainen hei am Land besëtzt. An da fanne mer eraus, wien un der Spëtzt vun deene Firmekonstrukter steet. An da probéiere mer, se ze motivéieren, do bezuelbare Wunnraum ze schafen, wa méiglech souguer mam Staat zesummen. An déi, déi vill hunn an näischt wëlle ginn, ma déi besteiere mer all Joer, a wann et néideg ass, bis d’Terraine verkaaft ginn!
Fir eis Piraten bleift et kloer: D’ëffentlech Hand muss weiderhin déi Terraine bebauen, déi se huet. Si muss de Leit Perspektive gi mat engem soziale Wunnengsbau, deen dem Salaire vun de Leit ugepasst ass. Zéng Euro de Meterkaree si realistesch an déi muss de Staat kënne garantéieren. A wann de Staat net genuch Terrainen huet, da muss de Staat se bei déi siche goen, déi se reng zur Spekulatioun halen.
An dorënner ziele mir als Piraten och déi sëlleche Wunnengen duerch d’ganzt Land, déi am Moment fir Bürosflächen oder aner Zwecker gebraucht ginn, wou awer op där anerer Säit d’Bürosraim alleguerten, oder vill, an de Zone-commerciallen dann eidel stinn. Dat ass e weidere Problem, deem mer eis als Chamber eng Kéier missten unhuelen, wéi et ganz oft mat alleguerten den Appartementer oder och Haiser op eemol ass, wann do fräi Beruffer oder soss iergendeppes déi ganz occupéieren, wou awer een e Logement kéint dra maachen. Wann ech elo ganz spontan bei eis an der Gemeng denken, do fale mer der schonn direkt e puer an. Dat ass en Theema, deem d’Chamber sech eng Kéier misst unhuelen, ob een déi ganz Logementsflächen och fräigëtt fir Firmen. Jo, natierlech kënnen déi en anere Präis ginn, wann en Haus verkaaft gëtt, mee ob mer domat net och ganz vill Misär am Logement maachen?
Merci.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen