Aktivitéite vu Russia Today iwwer Lëtzebuerg

Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today ze verbreeden. D’Verbreede vun Informatioune vum Sender Russia Today ass duerch d’Sanktioune vun der europäescher Unioun zënter Mäerz 2022 verbueden.
Am Artikel heescht et konkret:
“Da GCore in Luxemburg sitzt, sind dort die Behörden zuständig. Allgemein ist die Sache klar: Auch eine Firma, die Server für die schnellere Verbreitung bietet, dürfte Russia Today nicht helfen, heißt es vom luxemburgischen Staatsministerium. „Von den aktuellen EU-Sanktionen sind sie ebenfalls betroffen. So wie es bei Hosting-Diensten oder Broadcast-Diensten der Fall ist, dürfen auch CDN’s die Verbreitung solcher Inhalte weder ermöglichen noch in irgendeiner Art und Weise unterstützen.” Die Strafe liege bei einem Verstoß bei bis zu 5 Jahren Haft oder 250.000 Euro Bußgeld. Allerdings: Im Falle von Reitenbach und seiner Firma GCore ist bis heute nichts passiert.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Staatsminister den zitéierte Wuertlaut vun der Äntwert vum Ministère souwéi d’Veracitéit vun den Informatiounen aus dem Artikel konfirméieren? 

  2. Huet de Premierminister, am Wëssen vun dësen Informatiounen spéitstens no der Prise de Contact vun de Journalisten, eng Denonciatioun beim Parquet gemaach?
    Wa jo, op Basis vu wéi engem Gesetzesartikel?
    Wann nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7635

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt