AirBnB zu Lëtzebuerg

D’Firma AirBnB huet mëttlerweil ee Sëtz zu Lëtzebuerg a bitt hei am Land och seng Servicer un. Wéi eng Reegele gëllen, wann een seng Wunneng iwwert Airbnb verlount? Ab wéini brauch een eng Autorisation d’établissement? Muss d’Akommes deklaréiert ginn?

Wéi d’Presse mellt, gouf well am Dezember d’Societéit Airbnb Payments Luxembourg SA gegrënnt. D’Gerante vun dëser Societéit si Persounen, déi och beim internationale Grupp leedend Funktiounen hunn. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 4033 vum honorabelen Deputéierte Léon Gloden huet de Wirtschaftsminister annoncéiert, datt eng Studien iwwert den Impakt vu Plattformen, wéi AirBnB, fir d’éischt Trimester 2019 z’erwaarde wier.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Muss een Akommes, wat duerch d’Verlounen iwwert AirBnB entsteet, versteiert ginn? Wa jo, ënnert wéi enger Kategorie?
  • Ab wéi engem Volume (Nuechten oder Akommes) consideréiert d’Regierung d’Notze vun AirBnB als kommerziell a verlaangt domadder eng Autorisation d’établissement?
  • Gëtt et eng Ofsprooch mat AirBnB fir d’Paiementen, déi u lëtzebuergesch Contribuabel ginn, automatesch dem Steieramt ze kommunizéieren? Wann nee, firwat gouf dëst net bei de Gespréicher am Silicon Valley thematiséiert?
  • Wéini ass mat der genannter Studie ze rechnen?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen