Airbag fir Trammen

D’VBZ, Verkehrsbetriebe Zürich, teste fir hiren Tramsreseau de Moment eng Art Airbag. Dëse gëtt fir bei der Fuererkabin vun engem Tram installéiert. Ausgeléist gëtt den Airbag duerch ee Sensor. An engem Video kann ee gesinn, wéi den Airbag sech opbléist kuerz ier et zur Kollisioun mat engem Dummy, deen e Foussgänger duerstelle soll, kënnt. Zil vum Projet ass, fir domat fir méi Sécherheet am Verkéier ze suergen, d’Folgen vun enger Kollisioun duerch den Airbag ofzeschwächen a schwéier Accidenter mat Foussgänger oder Vëlosfuerer ze verhënneren. Duerch den Airbag soll zum Beispill verhënnert ginn, dass eng Persoun ënnert den Tram soll geroden. De Projet vun der VBZ, deen hei mam Tram-Hiersteller Alstom zesummeschafft, befënnt sech de Moment nach an enger Testphase, déi bis dëse Summer soll ofgeschloss ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ginn et aktuell Pläng, fir och am Lëtzebuerger Tramsreseau esou Airbaggen op den Trammen installéieren ze loossen? Wa jo, ass den Staat mat den züricher Kolleegen an Kontakt? Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 666

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt