Aide fir Leit op der ENAD

Op der ENAD, der Ecole nationale pour adultes, kann eng Persoun e neie Karriärswee aschloen an eng nei schoulesch Formatioun maachen. Wärend der Ausbildung mussen d’Leit nees d’Schoulbänk drécken a gi gläichzäiteg zum Deel schaffen. Fir dës Aarbecht ginn si awer just wéi Schüler bezuelt. Fir vill Leit geet dat awer net duer, well si dacks scho matten am Liewe stinn an nach aner finanziell Verflichtungen hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gesäit de Minister fir, eng Upassung bei de Gehälter virzehuele fir Leit, déi am Kader vun hirem zweete Karriärswee bei der ENAD ageschriwwe sinn?

  2. Kéint de Minister sech virstellen, eventuell eng Zort Bourse mat engem Prêt, änlech wéi et dëst aktuell fir Studente gëtt, och fir d’Schüler vun der ENAD anzeféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7698

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen