Aide au réemploi

Persounen, déi iwwer 45 Joer hunn an hir Aarbecht wéinst “raisons économiques” verluer hunn, kënnen, wa se eng nei Aarbecht fannen, bei der ADEM eng Demande fir eng Aide au réemploi maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir eng Aide au réemploi sinn an deene leschte 5 Joer ofgeleent ginn? Wat waren hei d’Grënn dofir (Alter, Kënnegungsgrond, Astellung als Fonctionnaire,…) ?

  2. Gesäit d’Regierung Handlungsbedarf, fir d’Aide au réemploi och fir Leit zougänglech ze maachen, déi via Arrêté genannt ginn an kee klasseschen Aarbechtskontrakt hunn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt