AI am Commerce

Wärend eng méiglech Reglementatioun vun der kënschtlecher Intelligenz am ëffentleche Raum op europäeschem an nationalem Niveau nach diskutéiert gëtt, ass hiren Asaz am Beräich vum Commerce a vereenzelte Modeller schonns Deel vum Alldag. Am „Amazon GO“-Geschäft hëllefe Kameraen d’Kafverhale vun de Clienten ze analyséieren, esou dass dëse Modell ouni physesch Keess funktionéiere kann. An Däitschland gëtt a verschiddene Geschäfter e System vun „Veesion“ getest, deen iwwert eng spezifesch Software d’Verhale vun de Clienten analyséiert, fir präventiv potentiell Déifställ erkennen ze kennen. Zu Lëtzebuerg ass den Asaz vun esou Modeller am Commerce nach net publik ginn, ob esou Software genotzt ginn ass, ass also onkloer. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg zum Asaz vun esou Systemer déi, laut Hiersteller, potentiell kriminell Akten präventiv erkenne kënnen?

  2. Wier et professionellen zu Lëtzebuerg installéierten Acteure laut nationaler Legislatioun erlaabt, Systemer ze notzen, déi d’Verhale vu Leit op hirem Terrain mat Hëllef vu Videoiwwerwaachung a kënschtlecher Intelligenz analyséieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 495

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt