Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der Pandemie eng sëllege Sitzungen a Firmen a souguer an Institutiounen, wéi der Justiz oder Gemengeréit, an hybrider Form iwwert Videokonferenz ofgehalen.
Dës positiv Neierung ass zum Deel bis haut op ville Plazen beibehale ginn. D’Gesetz vum 10ten August 1915 concernant les sociétés commerciales huet am Artikel 450-1 festgehalen, dass d’Assemblée générale vun enger Aktiegesellschaft kann iwwert Visiokonferenz duerchgefouert ginn. Dat selwecht gouf am neien ASBL-Gesetz vun 2023 am Artikel 12 (3) fir de Bénévolat festgehalen.
D’Videokonferenz ass awer nach net fir all Assemblée générale virgesinn. Bei Co-Proprietéiten mussen d’Wunnengsbesëtzer nach ëmmer physesch präsent sinn, fir valabel kënnen Entscheedungen ze huelen. Am Artikel 15 vum Gesetz vum 16te Mee 1975 portant statut de la copropriété des immeubles bâtis steet geschriwwen:”Les décisions de l’assemblée générale sont prises à la majorité des voix des copropriétaires présents ou réprésentés par un mandataire régulier, tous les copropriétaires dûment convoqués, s’il n’en est autrement ordonné par la loi.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert d’Regierung Ännerungen um Gesetz virhuelen, fir dass d’Assemblées générales vu Co-Proprietéiten an Zukunft och an digitaler Form kënnen organiséiert ginn?
Falls nee, firwat net?
QP Nummer 2118