Sinn d’Kommissioune vun Immobilienagencen ze deier?

D’Logementskris zu Lëtzebuerg kennt vill Verléierer. Si kennt awer och vill Gewënner. Ënnert hinne fannen sech d’Immobilienagencen, déi sech fir all Vente eng Kommissioun sécheren. Dës Kommissioun ass am ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 20te Januar 1972 fixéiert:
“Le maximum de la commission d’intermédiaire pour les ventes d’immeubles jusqu’à concurrence d’un prix de vente de 12.500 euros est fixé à 375 euros.Pour les ventes dont le prix dépasse 12.500 euros le maximum de commission est fixé à 3% du prix de vente réalisé.”

Zënter 2013 hunn sech d’Präisser vun neie Wunnengen (Appartementer) bal verduebelt. Dat geet aus den Zuele vum Observatoire de l’Habitat ervir. Fir d’Immobilienagence ass dës Präishausse vu Virdeel, well si bannent manner wéi 10 Joer hir duerchschnëttlech Kommissioune bal konnte verduebelen, wärend hier Käschte quasi gläich bliwwe sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt d’Regierung, dass, ugesiichts vun den extreeme Präishaussen um Wunnmarché, den aktuelle Plaffong vun 3% fir Vermëttlungsgebühre misst reduzéiert ginn? Falls nee, wat schwätzt géint eng Reduzéierung vun dësem Plaffong?

  2. Wäert d’Regierung d’Vermëttlungsgebühren an Zukunft deckelen, wann d’Präisser um Immobiliëmaart weider esou klammen, wéi an de leschte Joren?

  3. Wéi gëtt kontrolléiert, dass Agencen net méi wéi déi 3% Vermëttlungsgebühre froen? 

  4. Wéi vill Strofe goufen insgesamt ausgeschwat, wou Agence méi wéi 3% Vermëttlungsgebühren akasséiert hunn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5022

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene