Situatioun am Afghanistan: ginn den A400M an de MRTT genotzt?

Am Oktober 2020 ass den neie Militärtransportfliger A400M, deen di lëtzebuergesch Arméi zesumme mat der Belsch kaaft huet, um Findel gelant. De Militärfliger hat den 9ten Oktober säi Jungfernfluch. De Fliger ass scho benotzt gi fir medezinescht Material am Kader vun der ,,NATO’s Response to the COVID-19 Pandemic” ze transportéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Lëtzebuerg den A400M zur Verfügung stellen, fir Persoune respektiv Material aus dem Afghanistan eraus ze fléien?

  2. Plangt d’Regierung d’Fluchstonnen déi Lëtzebuerg fir de MRTT zur Verfügung stinn, fir humanitär Missiounen am Afghanistan ze notzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4854

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen