Afghanen déi mat der Lëtzebuerger Arméi zesumme geschafft hunn 

Um 15ten August huet déi afghanesch Regierung hier Kapitulatioun erkläert, d’Taliban hunn et gepackt innerhalb vu wéinege Wochen, dat ganzt Land anzehuelen. Am Laf vun der Nuecht hunn nach dausende Leit missen aus der Haaptstad Kabul evakuéiert ginn. Vun Juli 2003 bis Januar 2017 waren 274 Lëtzebuerger Militär am Afghanistan am Asaz.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen et Afghanesch Residenten déi fir d’Lëtzebuerger Arméi täteg waren (Iwwersetzer, Kach, Chauffeur, Guide,….)? Falls jo, sinn dës a Sécherheet bruecht ginn?

  2. Goufen et Afghanesch Residenten déi fir de belsche Kontingent vun der NATO oder generell fir d’NATO täteg waren an esou mat der Lëtzebuerger Arméi zesummen geschafft hunn (Iwwersetzer, Kach, Chauffeur, Guide,….)? Falls jo, sinn dës a Sécherheet bruecht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4853

Zesummenhang posts

 D’Studentevereenegung ACEL huet rezent ëffentlech Kritik un der Regierung gelooss, wat d’Organisatioun vun der Studentefoire betrëfft. D’CSJ huet an engem Communiqué d’Kriticken vun der
Am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz schaffe vill staatlech an net-staatlech Organisatioune ronderëm d’Auer, 24Stonnen op 7, fir Projeten an Hëllefsmoossnamen ëmzesetzen. D’Hëllef kënnt