Den Artikel 18 vum Jugendschutzgesetz gesäit vir, dass de Mannerjäregen, seng Elteren oder d’Persounen déi d’Garde hunn een Affekot fir d’Kand kënne bestëmmen oder beim Jugendriichter ufroen, dass een zur Verfügung gestallt gëtt:
“Art. 18. Le mineur, ses parents, tuteur ou autres personnes qui en ont la garde peuvent faire choix d’un conseil ou demander au juge de la jeunesse qu’il leur en soit désigné un d’office.”
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Ginn d’Kanner, d’Elteren oder d’Persounen mat der Garde vum Kand systematesch iwwert hiert d’Recht, een Affekot ze bestëmmen, informéiert?
- Wéi eng Moossnahmen goufen opgestallt, fir dës Informatiounen un all d’Parteien ze kommunizéieren?
- Wéi eng weider Moossnamen sinn ugeduecht, fir dass d’Parteie besser iwwert hir Rechter informéiert ginn, grad a Fäll, wou d’Konflikter méi schwiereg sinn?
- Am Fall, wou ee Mannerjäregen op d’Decisioun vum Jugendriichter een Affekot zougesprach krut, behalen déi am Artikel 18 genannte Persounen d’Recht, fir den Affekot ze wiesselen?