Aféierung vum digitalen Steierziedel

Am Budgetsgesetz 2021 gouf festgehalen, datt d’Prozedur vun der Fiche de retenue d’impôt ab 2021 digitaliséiert gëtt. D’Steierverwaltung huet an deem Kontext eng digital Plattform opgesat, déi et den Employeuren erméiglecht, Zougrëff op d’elektronesch Fiches de retenue vun hire Salariéen ze kréien. All d’Fiche de retenu d’impôt, déi normalerweis ab dem 1te Mee 2021 erstallt gouf, misst dem Employeur iwwert Guichet.lu zur Verfügung gestallt ginn. Mengen Informatiounen no, gëtt et allerdéngs eng Limitt wéi vill Fichen een Employeur oder seng Fiduciaire kënnen eroflueden (200 Stéck).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gouf eng Limitt op den Accès zu de Fiche de retenue d’impôt festgeluecht?

  2. Wëssend, dass et nawell eng ganz Réi vu Betriber a Fiduciaire gëtt, déi méi wéi 200 Employéeë, respektiv Clienten hunn, wäert dës Limitt ofgeschaft ginn? Wa jo, wéini wäert dëst geschéien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5298

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt