Äntwert op eis Fro zur Déierenhaltung

Zu Lëtzebuerg muss am Déiereschutz nach vill gemaach ginn. Trotz 6 Joer “déi Gréng” an der Regierung, ginn et nach vill Mëssstänn hei am Land. Mer hunn d’Regierung e puer Froen iwwert gewësse Punkte vum Déiereschutzgesetz ugeschwat.

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°554 iwwert d’Haltung vun den Déiere krute mer vum Minister Romain Schneider d’Äntwert, dass grad emol 1 Fall zu Lëtzebuerg erfaasst ginn ass, bei dem géint d’Artikelen zur Haltung vun den Déiere verstouss ginn ass a vun der Justiz poursuivéiert gouf.

All aktiven Déiereschützer weess, dass hei am Land all Dag géint dëst Gesetz verstouss gëtt. D’Zuele belee nëmmen, dass de Ministère mat senger Veterinärsinspektioun net genuch Kontrollen duerchféieren.

Mer fuerderen, dass dass d’Regierung endlech d’Moyene bereetstellt, fir d’Kontrollen hei am Land ze verstäerken. D’Déieren hei am Land waarden op eng Ëmsetzung vum neien Déiereschutzgesetz! Falls d’Regierung net handelt, ass dat Gesetz nëmmen ee Lapp Pabeier, dee net respektéiert gëtt.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt