Äntwert op eis Fro: Hackerungrëff op Education.lu

Wéi d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek de 5te Mäerz beriicht, gouf et op der Plattform vum Bildungsministère ee gréisseren Dateklau vu Passwierder, mat dem sech Hacker Accès op d’Konte vu Benotzer verschaaft hunn. Op Nofro bei engem Bedeelegten ass eis dës Informatioun confirméiert ginn. No deenen eis virleienden Informatiounen, hunn d’Benotzer vun education.Iu an hirer Boîte een engleschsproochege Mail scheinbar vun hinne selwer geschéckt gouf. An dësem Mail gëtt de Benotzer gefuerdert eng Zomm Sue via Bitcoin un een Erpresser ze iwwerweisen. Mat engem einfache Passwuertwiessel kéint een den Hacker ganz einfach erëm vu sengem Konto ausschléissen. Leider ass et sou, dass d’Benotzer aktuell net iwwert d’Rechter besëtzen, fir hiert eegent Passwuert ze änneren. Soumat sinn zurzäit Schüler an Enseignanten engem Erpressungsversuch ausgesat an hunn aktuell keng Kontroll iwwert hiert Konto.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Huet d’Regierung Kenntnis vun dësem Hackerugréff an Erpressungsversuch op education.Iu? Falls jo, wéi vill Konte sinn hei insgesamt betraff?
  • Gouf déi informatesch Faille op education.Iu geléist? Falls jo, wéi gouf se geléist? Falls nee, wéi vill Zäit schâtzt d’Regierung, dass et brauch fir d’Faille ze léisen? Wat waren d’Ursaache vun der Faille?
  • Wéi eng Mesure goufen ënnerholl fir de Schüler an Enseignanten ze hëllefen?
  • Wéi eng Mesure wäert d’Regierung an Zukunft ënnerhuelen, fir Schüler virun Hackerattacken an Erpressungsbréiwer op ëffentleche Plattformen ze schützen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene