Froen zur Existenzgrënnung

Am Koalitiounsaccord an och am neie Budgetsprojet betount de Wirtschaftsministère ëmmer erëm, datt en eng Prioritéit doran geséit aus Lëtzebuerg eng “Start-up Nation” ze maachen. Virun allem nei an innovativ Entreprisë sollen dozou bruecht ginn, Lëtzebuerg als hire Standuert ze wielen.
Grad vun innovative Produiten an Déngschtleeschtunge geet awer en héije Risiko aus, well net  Innovatioun vun de Konsumenten och ugeholl gëtt, nëmme well se nei ass. An dësem Kontext ass et dofir ganz wichteg, Entrepreneuren eng gewësse Sécherheet bei der Existenzgrënnung all ze garantéieren an doriwwer eraus mussen d’Demarchen, déi néideg sinn, fir eng Entreprise ze grënnen,  a séier ofgewéckelt kenne ginn, fir dass déi Betraffen de Courage net schonns verléisst, éier si hiert Geschäft iwwersichtlech iwwerhaapt opgemaach hunn. D’Vereinfachung vun de Prozedure bei der Existenzgrënnung an eng Dämpfung vum individuelle Risiko géingen dobäi net nëmmen neie Start-ups mat innovative Produiten zegutt kommen, mee allgemeng nei Entreprisen ënnerstëtzen. Et  ee schliisslech net vergiessen, dass och Persounen, déi sech mat traditionelle Produiten an Déngschtleeschtunge däerf  maache wëllen, wéi bspw selbststänneg. am Beräich vum Handwierk, e wichtegt Element vun der lëtzebuergescher Wirtschaft duerstellen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

• D’Europäesch Unioun encouragéiert seng  dozou, d’administrativ Demarchen, déi fir eng Existenzgrënnung Memberlänner néideg sinn, esou ze gestalten, dass et méiglech ass, innerhalb vun 3 Deeg eng Entreprise ze grënnen.
Gett des Frist zu Lëtzebuerg agehalen? Wéi vill Deeg dauert et zu Lëtzebuerg an der Moyenne bis all d’Demarchen (z. B. den Depot beim RCSL, d’Homologatioun vum Diplom, d’Autorisatioun d’ an d’Umeldung bei der CCSS Etablissement/TVA) ofgewéckelt sinn?

• Ass et méiglech des administrativ Demarchen alleguerten online ze maachen?

• Wéi vill muss een insgesamt fir d’Demarchen, déi am Zesummenhang mat der Existenzgrënnung stinn, bezuelen?

• De Christian Müller huet am Tageblatt vum 07.03.2019 d’Iddi opgeworf nom schwedesche Virbild e Congé sans solde vu sechs Méint fir zukünfteg Existenzgrënner anzeféieren. Wâert d’Regierung esou e Congé aféieren, fir den individuelle finanzielle Risiko, dee mat enger Firmëgrënnung verbonnen ass, ze dämpfen, fir esou en zousätzlechen Ureiz zur Selbststännegkeet ze schafen?

Fro n° 465

Zesummenhang posts

Wir Piraten haben in Petingen über die letzten Jahre eine kritische Position gegenüber dem Einfluss von einzelnen Bauunternehmer eingenommen und mehrfach einzelne Projekte, die
J’ai 27 ans, je suis mère et pédagogue sociale de formation. J’habite depuis plus de 14 ans dans la commune et c‘est avec fierté