D’Educatioun stellt e kruziale Secteur an all demokrateschem Land duer, fir dass eng Gesellschaft iwwert mëndeg an emanzipéiert Bierger verfüügt.
De Wuesstem vum Lëtzebuerger Land huet an de lëschte Joer dozou bäigedroen, dass de Besoin u Personal am Enseignement geklommen ass. Dës Entwécklung wäert och weiderhin ze beobachte sinn. An deem Zesummenhang ass et wichteg, dass d’Educatioun keng Käschte scheit an iwwer genuch Personal an déi néideg Strukture verfüügt, fir senger gesellschaftlecher Missioun gerecht ze ginn.
Sou ass et och noutwenneg, dass de legale Kader den zäitgenësseschen Erausfuerderungen am Secteur gerecht gëtt, an deemno lafend adaptéiert muss ginn. Mam Gesetz vum 29. Juni 2017 goufen d’Strukturen vum Enseignement fondamental reforméiert. Mat dëser Reform koumen eng Rei Changementer, wéi z. B. d’Ersetze vum Inspektorat duerch Regionaldirektiounen, soudass Lëtzebuerg haut a fofzéng Regionaldirektiounen opgedeelt ass.
Dës Reform huet och gréisser Verännerungen mat sech bruecht, wat den Effektiv vum Personal ugeet. Eng Regionaldirektioun setzt sech aus jeeweils engem Direkter, zwee bis véier “Directeurs-adjoints”, dem “Personnel intervenant dans l’enseignement fondamental” an dem “Personnel administratif” zesummen.
Dobäi komme jo och nach d’spezialiséiert Equippen, déi sech mat “Enfants à besoins spécifiques”, “Développement scolaire”, “Compétences numériques” an Inklusiounsfroen beschäftegen, net ze vergiessen déi ganz “Formation continue”.
Ouni d’Bedeitung vun engem gudden Encadrement a spezialiséierten Servicer kleng rieden ze wëllen, stellt sech d’Fro vun engem beschtméiglechem Asetzen vum Humankapital am Schoulwiesen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Mataarbechter hunn d’Inspektorater virun Akraafttrieden vum Gesetz vum 29. Juni 2017 gezielt? Wéi vill Mataarbechter zielen déi fofzéng Regionaldirektiounen haut?
-
Wéi huet den Effektiv vun den an der Educatioun schaffende Leit zanter dem Akraafttriede vum Gesetz vum 29. Juni 2017 evoluéiert? (opgelëscht no Joer)
• Wéi ass d’Ënnerdeelung tëschent Fonctionnairen an Employéen?
• Wéi vill vun de Fonctionnairen goufen an der A1 a wéi vill an der A2 Karriär agestallt? -
Ausgoend vum Gesamtpersonal an der Educatioun, wei vill Leit halen effektiv Schoul (dat heescht sti reegelméisseg virun enger Schoulklass)?
• Wei vill ass dat a Prozent?
• Wéi huet sech dës Zuel an de Prozentsaz zanter der Reform vun 2017 verännert?
• Wéi ass d’Entwécklung iwwert déi leschten 10 Joer gekuckt? -
Dréit d’Rekrutementspolitik vun der Educatioun nationale dem Ëmstand genuch Rechnung, datt et ëmmer méi Kanner gëtt mat sozialen, disziplinareschen, relationellen oder emotionale Problemer?
QP Nummer 6032