Waarden op eng Decisioun bei der ADEM

“La Commission de réexamen ne siège pas dans les locaux de l’ADEM, mais se réunit une à deux fois par mois selon la disponibilité de ses membres. Vu le nombre toujours croissant des recours, les délais entre l’introduction d’une demande en réexamen et son traitement par les membres de la Commission lors de la prochaine session utile sont actuellement de deux à trois mois.”

Dëst ass d’Äntwert vun engem Demandeur d’Emploi, deem säin Dossier bei der ADEM fir déi zweete Kéier bannent dräi Méint clôturéiert gouf. Bei der éischter Suspendéierung hat den Ageschriwwenen d’Recoursprozedur benotzt a Recht krut, well d’ADEM ni noweise konnt, dass si dem Demandeur d’Emploi de Bréif och zougestallt hunn (ergo de Bréif net per Recommandé zougestallt gouf). 

Knapps nodeems d’Suspendéierung nom éischte Recours opgehuewe gouf, krut dës Persoun e puer Deeg dorobber schonn erëm ee Bréif, wou d’ADEM säin Dossier op een Neits suspendéiert. D’Persoun, déi ouni dës Suspendéierunge schonn zënter Méint fir Beschäftegungsmoossnamen eligibel wier an deemno hier Astellungschancen erhéije kéint, hänkt deemno op enger Waardelëscht, well d’Kommissioun der d’Aarbechtslaascht net nokënnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandeurs d’Emploi kruten an de leschten zwee Joer, opgelëscht no Mount, hiren Dossier bei der ADEM suspendéiert? 

  2. Wéi vill Recours’en goufen an der nämmlechter Zäit, erëm opgelëscht no Mount, bei der Commission spéciale de réexamen agereecht? Wéi vill Suspendéierunge goufen doropshin annuléiert? 

  3. Ass den Aarbechtsminister dorunner interesséiert, d’Beaarbechtungszäite vun de Recours’en, déi bei der Commission spéciale de réexamen aginn, an Zukunft ze verkierzen?
    • Falls jo, • wäert de Minister dëst dann och zäitno maachen?
    • wéi eng Mëttelen wäerten agesat ginn?
    • wéi ee maximalen Delai wëll de Minister imposéieren, fir eng Äntwert op ee Recours ze kréien?
    • ab wéi engem Datum wëll de Minister dës Verbesserung realiséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5415

Mir hunn an dësem Kontext eng Nofro gestallt.

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert