Adapto – Nofro

Virun engem Joer gouf de Service Adapto – grad wéi all aner Aart vun ëffentlechem Transport -gratis. No dëser Reform hunn Persounen déi bis dohi vum Adapto profitéiert hunn, missen eng néi Kaart beim Ministère ufroen. Esou goufen am Mäerz d’lescht Joer vun 1.356 Demande fir eng Adaptoskaart, der 284 net accordéiert (Fro n°1890).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mëtt Mäerz krute verschidde Persounen déi Rescht op den Adapto Service hunn, ee Bréif vum Mobilitéitsministère, deen d’Iwwerpréiwung vun hiren Dossieren ukënnegt. An dësem Bréif, ginn dës Persounen och deelweis hiren Aarbechtskontrakt gefrot.

• Firwat gouf decidéiert, dës Persounen, no hirem Aarbechtskontrakt, deen och vill confidentiel Detailer enthält, ze froen, amplaz eng einfach Aarbechtsbescheinegung vum Patron?

• Op wéi enger legaler Basis gëtt d’Iwwerpréiwung vun den Dossiere gemaach? Gesäit dat Gesetz oder dee Reglement vir, wat fir Dokumenter de Ministère dierf froen?

2. An der Fro n°1788 gouf no der Bezuelung vun de Bus-Entreprisë fir den Adapto-Transport gefrot.  An der Äntwert sot de Minister: “”Déi 2 lescht Froe betreffen de Kontrakt tëschent dem Mobilitéitsministère an de Betriber. Déi gefroten Informatioune vum Bezuele vun den Trajeten an de Leerfaahrten si confidentiel an onwesentlech fir de Public.”” Ass de Minister bereet, konform zum Arrêt vun der Cour administrative vum 26.01.2021, den Deputéierten an enger Kommissiounssëtzung Accès zu dëse Verträg ze ginn?

3. Aus der Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°2552 un de Mobilitéitsminister geet ervir, dass nach keng Kommissioun, wéi och am Projet de loi n°7490 virgesinn, en place gesat gouf. 

• Wat fir Schrëtt huet de Minister tëschenzäitlech geholl, fir dës Kommissioun opzestellen?

• Kënne Persounen déi eng Adapto-Kaart refuséiert kruten, scho bei dëser Kommissioun ee Recours aleeën?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3940

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene