Adaptéierung TVA

An enger Sëtzung vun der Commission des Finances ass eisem Representant op Nofro confirméiert ginn, dass déi temporär Baisse vun der TVA zum 1. Januar 2024 opgehuewen an den Taux erëm op 17% ugehuewe gëtt. Natierlech huet esou eng Adaptéierung, bei der Hypothees vun enger normaler Consommatioun iwwert e Joer gekuckt, e positiven Effekt op d’Recette vum Staat.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet de Ministère Previsioune virleien, wéi vill zousätzlech Recetten des Adaptéierung vum Taux vun der TVA viraussiichtlech wäert generéieren? A falls jo, wéi héich sinn dës Recetten? 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt