Activité d’assistance bei der ADEM

Den 1ten August 2019 ass ee Gesetz a Kraaft getrueden, mat deem eng “activité d’assistance” agefouert gouf. Dës Activité d’assistance soll Mënsche mat enger Behënnerung oder déi sech an engem externe Reklassement befannen, zegutt kommen. D’Moossnam huet d’Zil
“d’encadrer et de promouvoir l’inclusion des salariés handicapés et des salariés en reclassement externe sur le marché du travail ordinaire par un accompagnement adapté aux besoins du salarié handicapé […]”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn zënter der Aféierung vum Gesetz eng Demande fir eng Activité d’assistance gemaach?
    Wéi vill Demanden goufen accordéiert?

  2. Wéi vill Persounen, déi eng Activité d’Assistance accordéiert kruten, hunn hieren Aarbechtsposten bis haut behalen?

  3. Wéi eng Informatiounscampagnë goufe vum Ministère iwwert d’Activité d’Assistance geschalt an op wéi enge Medien ass dëst geschitt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7769

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt