Activité d’assistance bei der ADEM – Nofro

Den 1ten August 2019 ass ee Gesetz a Kraaft getrueden, mat deem eng “assistance à l’inclusion dans l’emploi” (Activité d’assistance) agefouert gouf. Dës Activité d’assistance soll Mënsche mat enger Behënnerung oder deenen, déi sech an engem externe Reklassement befannen, zegutt kommen. D’Moossnam huet d’Zil “d’encadrer et de promouvoir l’inclusion des salariés handicapés et des salariés en reclassement externe sur le marché du travail ordinaire par un accompagnement adapté aux besoins du salarié handicapé […]”.

All Aarbechter am Privatsecteur mat engem Statut de Travailleur handicapé an all Aarbechter am Privé am Reclassement externe kann zesumme mat sengem Patron dës Moossnam bei der ADEM ufroen, wann een Aarbechtskontrakt vu mindestens 12 Méint virläit. Dee Moment kuckt een Assistent mam Aarbechter an dem Patron, fir déi speziell Besoine vum Aarbechter ze definéieren, ee Projet auszeschaffen, fir dës Besoinen z’erfëllen an ee Suivi vun der Ëmsetzung ze maachen.

An de parlamentaresche Froen n° 6128, 6181 an 7769 hunn déi zoustänneg Ministeren erkläert, dass säit der Aféierung vun der Assistance à l’inclusion dans l’emploi keen eenzege Patron a keen eenzege Mataarbechter vun där Moossnam profitéiert hunn. Dës Weideren hunn d’Ministeren erkläert, dass si zesummen eng onzielegen Informatiounscampagne lancéiert hunn.

De Problem schéngt also net un der Publicitéit ze leien, mee bei der Moossnam selwer, déi keng Demande dobausse fënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi erklären sech d’Ministeren, dass trotz der viller Publicitéit, nach keng eenzeg Demande fir eng Activité d’assistance gemaach gouf?

  2. Wéi vill Personalressourcë sinn aktuell fir d’Activité d’assistance virgesinn?
    Wou ginn d’Assistenten, déi fir d’Cellule vun der Assistance à l’inclusion schaffen, aktuell agesat, wann nach keen eenzegen Dossier besteet?

  3. Ginn Persounen, déi de Statut de travailleur handicapé hunn an déi als Demandeur d’emploi ageschriwwe sinn, vun hirem Conseiller systematesch iwwert d’Assistance à l’inclusion informéiert?

  4. Ass ee bei der ADEM der Meenung, dass et méi effikass wier, fir d’Assistance vun de Persounen mam Statut de travailleur handicapé d’office ze maachen (dat heescht: ouni, dass d’Ufro dofir vum Patron muss gemaach ginn)?
    Falls nee, firwat net?

  5. Och neurodivers Persounen, wéi zum Beispill Leit mam Asperger-Syndrom, hunn Erausfuerderungen bei der Aarbechtssich a bei der Upassung vun hirem Aarbechtsëmfeld a brauchen dofir ee Suivi, wéi bei der Activité d’Inclusion.
    1. Gëtt bei der ADEM an de Statistiken eng kloer Ënnerscheedung gemaach tëschent Persounen mat Handicap a neurodiversen Demandeurs d’emploi? Falls jo, wéi vill Prozent vun den Demandeurs d’emploi bei der ADEM hunn eng neurodivers Konditioun?
    2. Wéi eng Zort vu Bilanen an Evaluatioune gi gemaach, fir d’Kompetenze vun den neuro-atypesche Persoune anzeschätzen? Falls keen esou ee Profiling gemaach gëtt, firwat net?
    3. Wéi eng Ënnerstëtzung an Hëllefe stellt d’ADEM den neuro-atypesche Persounen zur Verfügung, fir eng adaptéiert Aarbechtsplaz ze sichen an den Accès op den Aarbechtsmarché ze vereinfachen?
    4. Dierfen d’Demandeurs d’emploi mam Statut handicapé a Begleedung (vun enger Vertrauenspersoun) op d’Visitte bei d’ADEM goen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8103

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat