Wat maachen wann d’Steierverwaltung net Recht huet?

Persounen, déi net averstane sinn mat der Aart a Weis, wéi hir Steiererklärung vun hirem Steierbüro opgestallt gouf, kënnen dogéint ee Recours maachen, entweder bei hirem Steierbüro, oder beim Direkter vun der Steierverwaltung (Service contentieux), oder duerno um Verwaltungsgeriicht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Recoursen goufen zënter 2018, opgelëscht pro Joer, beim Direkter vun der Steierverwaltung agereecht?

  2. Bei wéi ville Recoursen beim Direkter vun de Steierverwaltung waren méi wéi ee Steierjoer vun engem Steierzueler betraff? Aanechters gefrot: wéi vill Leit hunn fir e puer Steierjoren op ee Schlag reklaméiert?

  3. Wéi oft ass et vun 2018 bis 2023 (opgeschlësselt pro Joer) zu Zwangsandreiwungen (recouvrement forcé) komm?
    A wéi ville Fäll gouf d’Zwangsandreiwung ouni weidere Recours realiséiert an a wéi ville Fäll gouf d’Zwangsandreiwung no engem Recours realiséiert?

  4. Op meng Fro n°5955 krut ech d’Informatioun, wéi vill fiskal Dossieren tëschent Mäerz 2017 a Mäerz 2022 um Verwaltungsgeriicht gelandt sinn betreffend der Steierverwaltung. 168 Mol krut de Steierzueler Recht.
    • Kann d’Justizministesch dës Zuelen ergänzen mat den Zuelen vun 2022 bis 2024?
    • Bei wéi ville vun dësen Affairen krut de Steierzueler Recht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 559

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen