Accord tëscht der Belsch a Lëtzebuerg iwwert de Medezinstudium

Den Accord vum 17te Juli 2017 tëscht Lëtzebuerg an der Belsch iwwert d’Medezinstudium, deen de Lëtzebuerger Studenten nom éischte Joer hei am Land eng Weiderféierung vun hire Studien an der Belsch erméiglecht, gëllt nëmme fir Persounen, déi hire Lycée zu Lëtzebuerg gemaach hunn. Residenten, déi sech entscheet hunn, net zu Lëtzebuerg an ee Lycée ze goen, kënne vun dësem Accord net profitéieren, an domat net, no engem Joer hei am Land, an d’Belsch wiesselen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass den Accord fir Medezinstudente vum Juli 2017 misst an der Hisiicht nogebessert ginn, esou dass all Lëtzebuerger Resident, deen zu Lëtzebuerg ugemellt ass, vun dësem Accord ka profitéieren? Firwat gouf decidéiert dëst net esou am Accord vun 2017 festgehalen?

  2. Wäert de Minister sech mat sengem belschen Homolog a Kontakt setzen, fir iwwert dës Problematik ze beroden, fir sécher ze stellen, dass kee Resident op Grond vu sengem viregte schoulesche Parcours hei eng Chance verléiert, fir Medezin ze studéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7010

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt