Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Accompagnement vun technesch manner affine Leit

Vill Banken hunn d’Unzuel un Agencen an de leschte Joren reduzéiert a promouvéieren éischter digital Léisunge fir déi finanztechnesch Operatiounen oder setzen op mobil Guicheten, déi fir e puer Stonnen ee Mol d’Woch op enger bestëmmter Platz optauchen. Dësen Trend gëtt ënnerstëtzt duerch eng europäesch Direktiv (Directive européenne sur les services de paiement, DSP2), déi d’Banken zu Lëtzebuerg, dorënner och déi mat ëffentlecher Participatioun, dozou zwéngt vu physesche Léisungen, wéi zum Beispill dem Lëtzebuerger Modell vum LuxTrust Token, op digital Léisungen ze wiesselen, wéi zum Beispill der LuxTrust Mobile App. Dës Entwécklunge suergen dofir, dass alldeeglech Operatioune fir technesch manner affin Leit ëmmer méi schwéier ze realiséiere sinn. Persounen ouni Smartphone ginn esou zum Beispill bei LuxTrust op aner Solutiounen higewisen, déi awer net wierklech manner technesch Expertise viraussetzen (LuxTrust Scan, eID,…). Vill Leit maachen sech Suergen, wéi se an Zukunft ouni Token nach hier Bankenoperatioune realiséiere kennen a fillen sech am Stach gelooss. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéiert sech déi nei Regierung an dëser Problematik? 

  2. Wéi eng Mesure si geplangt, fir den technesch manner affine Leit reell Hëllefsstellungen an Alternativen ze bidden? 

  3. Wäerten dei staatlech Repräsentanten am Conseil d’Administration vun der Spuerkees sech dofir asetzen, dass den Online Banking och fir Persounen accessibel bléift, deenen digital Outilen éischter friem sinn an dofir méi Hëllefstellungen an deem Beräich brauchen?

  4. Wéi garantéiert déi nei Regierung, dass den Accès op MyGuichet.lu och fir Persounen accessibel bléift, deenen digital Outilen éischter friem sinn an dofir méi Hëllefsstellungen an deem Beräich brauchen?

  5. Wéi eng technesch Léisung recommandéiert d’Regierung an deem Kontext fir de LuxTrust Token ze ersetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 106

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll