Accisen op d’Elektromobilitéit

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro (n°4462) huet de Mobilitéitsminister mir d’staatlech Recetten duergeluecht, déi duerch d’Aktivitéiten op den Tankstellen op den Aires de Services zu Lëtzebuerg ageholl ginn. Esou huet de Staat an deene leschte 5 Joer, laut Minister, bal 350 Milliounen Euro u Recetten ageholl. 83,6% dovu waren Ofgabe vum Carburant. Wann d’Elektromobilitéit lues a lues de Verbrennungsmotor ersetzt, da wäerten och dës Steierrecetten mat der Zäit erofgoen, wëssend, dass d’Elektromobilitéit een onersetzleche Baustee vun eiser nationaler Klimapolitik ass.  Am Kader vun enger Diskussiounsronn, déi vum Automobilclub organiséiert gouf, huet de Minister, laut RTL, Folgendes erkläert

“Op den Cent genee kéint hien de Präis vum Elektresch an Zukunft net soen. D’Opluede géif awer ouni Zweiwel méi bëlleg bleiwen, wéi Diesel oder Bensinn tanken, esou de grénge Minister weider, deen och ënnerstrach huet, datt d’Präisser vum Elektresch vill manner volatil sinn, wéi déi vum Pëtrol.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass eng Erhéijung vun den Accisen op d’Elektrizitéit,  den Ausbau vun der Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg kéint ausbremsen? 

  2. Ass et fir d’Regierung eng Optioun, fir an Zukunft d’Accisen um Stroum z’erhéijen, fir esou de Verloscht vun de Steierrecetten um Carburant auszegläichen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5127

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen