Accisen op CBD-Produiten

Cannabis-Produiten, déi gefëmmt kënne ginn an déi een THC-Gehalt vu manner wéi 0,2% hunn, gi vun der Douane als “autres tabacs à fumer” behandelt an deementspriechend besteiert. Et handelt sech also ëm klassesch CBD-Produiten, déi ënnert d’Circulaire INFO TAXUD 8/2019 falen a fir déi säit 2020, nieft der TVA, och Accisen vum Staat erhuewe ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Recetten huet de Staat säit der Aféierung vun der Accise op CBD-Produiten ageholl?

  2. Wéi huet dëse Chiffer säit der Aféierung vun der Steier evoluéiert (opgelëscht pro Mount)?

  3. Wéi huet dëse Chiffer par rapport zu de Recetten vun den Accisen op Zigaretten evoluéiert? Wéi huet dëse Chiffer par rapport zu de Recetten vun den Accisen op Cigarilloen an Zigaren evoluéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5184

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt