Accidenter um CR101 – CR110

An der Nuecht vum 1ten Dezember op den 2ten Dezember si bannent 24 Stonnen zwee Accidenter op der Kräizung tëschent dem CR101-CR110 zu Kéinzeg passéiert (Kräizung tëschent der Rue Basse, Rue Longue & Rue de la Gare). Et ass net déi éischte Kéier, dass et zu Accidenter op dëser Plaz kënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Accidenter goufen an de leschten 20 Joren op dëser Kräizung gezielt? 

  2. Wat hunn d’Ponts et Chaussées an der Vergaangenheet op dëser Plaz ënnerholl, fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren?

  3. Wéi eng Léisungen ginn aktuell fir dës Kräizung zeréckbehalen? 

  4. Wéi bewäert de Minister d’Opstelle vu roude Luuchten op dëser Plaz a wéi géif dëse Léisungsusaz d’Verkéierssécherheet beanträchtegen?

  5. Wäert de Minister hei bannent dem nächste Joer eppes ënnerhuelen, fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren? Falls jo, wat fir Moossname ginn ënnerholl a bis wéini ginn se ëmgesat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7330

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt