Accidenter op der Porte Lamadelaine (N5) zu Péiteng

D’Route de Longwy zu Péiteng ass eng Nationalstrooss (N5) a soumadder ënnert der Entscheedungsgewalt vum Mobilitéitsministère. Et ass eng staark befuere Strooss, déi als Passage vu ville Frontalieren genotzt gëtt, mee wou och eng zech Buslinnen all Dag zirkuléieren. Direkt an der Ëmgéigend, bei der Porte Lamadelaine, befënnt sech mam Lycée Mathias Adam och ee vun de gréisste Lycéeën an eisem Land mat ronn 2000 Schüler:innen a weider och d’Rollenger Gare.
Rezent koum et op der Porte Lamadelaine zu verschiddenen Accidenter, bei dene Passante vu Gefierer erfaasst goufen. Op dëser Plaz si keng rout Luuchte virgesinn, fir de Passanten ee sécheren Iwwergang z’erméiglechen an och keng weider verkéierstechnesch Elementer, fir dass d’Autoen hei méi lues fueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Accidenter goufen et op der Route de Longwy an de vergaangenen 5 Joren?
    Wéi vill dovunner sinn op der Porte de Lamadelaine passéiert?

  2. Goufen et schonns Entrevuen oder Kontaktopnahmen säitens der Péitenger Gemeng beim Ponts&Chaussées, fir dëse geféierleche Passage méi sécher fir d’Foussgänger ze maachen?
    Wann jo, wéini waren déi lescht Entrevuen a wat gouf festgehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 259

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt