Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Ëmsetzung vum Accessibilitéitsgesetz

Zu Rodange gouf virun e puer Méint d’Residence Tokio fäerdeg gebaut (Parzellen N° 612/8289; 612/8290). Dës Residence ass insofern speziell, well se no engem Tauschgeschäft tëschent der Gemeng Péiteng an engem private Promoteur gebaut gouf: de Promoteur krut den Terrain, wou fréier een ëffentleche Parking war, zur Verfügung gestallt, fir gratis dorobber een Deel vun der neier Residence kënnen ze bauen. D’Gemeng huet am Géigenzuch dofir een ënnerierdesche Parking mat zwou Etagë krut, dee fir d’Ëffentlechkeet bestëmmt ass.
Wéi et fir ëffentlech Parkingen d’Reegel ass, sinn och op dësem Parking Parkplazen fir Leit mat kierperleche Beanträchtegunge virgesinn. Dës Plazen misste logescherweis mat engem Rollstull erreeschbar sinn. Et féiert awer keen ëffentleche Lift bei d’Parkplazen um Niveau -2 an och keen ëffentleche Wee bei ee Lift an d’Residenz, vu wou aus d’Leit eleng kéinten op de Rez-de-chaussée gelaangen. D’Rollstullfuerer:innen missten deemno eleng eng steil Pente eroprullen an dat um nämmlechte Wee, wou och d’Autoen fueren.
Am Accessibilitéitsgesetz vum 7te Januar 2022 souwéi dem groussherzogleche Reglement vum 8te Februar 2023 gouf festgehalen, dass Gebaier an ëffentlech Infrastrukture musse fir Rollstullfuerer a Leit mat anere Beanträchtegungen zougänglech sinn.
D’Beispill uewendriwwer weist awer, dass dat op ville Plazen awer nach ëmmer net de Fall ass an d’Ufuerderunge vum Accessibilitéitsgesetz vun 2022 net respektéiert ginn. Ee weidert Beispill net wäit ewech vun dëser Plaz am selwechten Duerf: den neie Parking “Blobierg” an der Avenue Dr. Gaasch (Parzell n° 585/8071), wou et och onméiglech ass, eleng am Rollstull d’Pente eropzerullen a wou keen Trottoir virgesinn ass, dee breet genuch ass fir ee Rollstull. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Parkingen, wéi déi zwee, déi hei uewendriwwer genannt ginn, konform zu den Accessibilitéitskrittären aus dem Gesetz? 
  2. Sinn d’Gemenge verflicht, fir hir Parkingen accessibel fir all Bierger:innen ze maachen? 

  3. Schaft d’Accessibilitéitsgesetz eng Servitude de passage fir déi Leit, déi sech op d’Behënnerteparkplazen dierfe stellen?
    Aneschters gefrot: Dierfen d’Rollstullfuerer:innen de Lift vun der Residenz notzen, fir esou op de Rez-de-chaussée kënnen ze kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 424

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll