Accessibilitéit vu Luedborne

De perséinlechen Auto spillt am Beräich vun der Mobilitéit eng grouss Roll. Nieft dem klassesche Verbrenner ginn awer och d’Elektroautoen ëmmer méi populär. Fir dës Elektroautoe mussen ëmmer méi Luedborne geschaaft ginn, dëst souwuel am ëffentleche wéi och am private Raum. Am Ausland ginn et schonn eng ganz Rei un Temoignage vu Leit mat ageschränkter Mobilitéit, déi festgestallt hunn, dass vill Luedborne fir si guer net accessibel sinn, sief et zum Beispill, dass beim Rausklamme keng Plaz fir de Rollstull ass oder, dass si vum Rollstull aus net un d’Displayen vun de Borne kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt bei der Geneemegung vun neien Elektrobornen drop opgepasst, dass dës och fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit accessibel sinn, souwuel wat d’Plaz ronderëm d’Borne wéi och den Zougang zur Borne selwer ugeet? Wa nee, firwat net?

  2. Ginn et Virgaben dozou, wéi déif en Display muss sinn, fir dass och Persounen am Rollstull dru kommen?
    Wa jo, wéi eng sinn dat? Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7246

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt