Accessibilitéit vu Garen

De 7ten Januar 2022 gouf an der Chamber d’Gesetz fir eenheetlech Krittäre fir een Handicapgerechten Accès zu Gebaier an der Voie publique gestëmmt. Esou mussen och Leit mat reduzéierter Mobilitéit kënnen Accès zu ëffentleche Gebaier a Servicer hunn, dorënner och Garen. Hei muss all Kéiers op mannst een Accès zum Service geschafe ginn. An de Garen wier dat zum Beispill een Lift deen den Accès zu de Quaien erméiglecht.

Zu Rolleng op der Gare gëtt et een Lift, mee deen ass am Moment ausser Betrib, wat dozou féiert, dass d’Leit mat Kutschen, am Rollstull oder soss mobilitéitsméisseg ageschränkt net op de Quai kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Garë si scho konform zum neien Accessibilitéitsgesetz ?

  2. Wéi eng Garen hunn deelweis d’Krittäre vum neien Accessibilitéitsgesetz schonn ëmgesat (opgelëscht no Gare, Aarbechten déi nach musse gemaach ginn an Zäitplang)?

  3. Wéi eng Garen erfëllen nach kee vun de Krittäre vum neie Gesetz (opgelëscht no Gare, Aarbechten déi nach musse gemaach ginn an Zäitplang)?

  4. Wéini wäert de Lift zu Rolleng gefleckt sinn?

  5. Wéi laang ass de Lift schonn ausser Betrib?

  6. Wéi ginn d’Passagéier driwwer informéiert, dass de Lift an enger Gare net geet wann se mam Zuch ënnerwee sinn?

  7. Gëtt d’Personal vum CFL heiriwwer informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7599

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene