Accessibel Bankomater

D’Banken zu Lëtzebuerg setzen ëmmer méi op Servicer via E-Banking oder Bancomat. Vir dass Persoune mat ageschränkter Mobilitéit a Séikraaft dës Bankomater kënnen benotze, mussen se een einfachen Accès bidden an och eng Sproochausgabefonktioun hunn. Dee Moment liesst den Automat engem Informatiounen um Bildschirm vir. Eisen Informatiounen no ginn et Bankomater hei am Land, déi dës Sproochausgaben net fir d’Cliente maachen, wou awer den techneschen Déngscht dës Funktioun kann notzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Si Bankomater, déi eng Sproochausgabfonktioun hunn, an dës net fir d’Clienten déi se brauchen accessibel maachen, konform zum Antidiskriminéierungsgesetz vun 2006?

  2. Ass de Ministeschen dës Problematik bekannt? Gouf et zu dësem Thema schonn Entrevuë mat de Bankevertrieder. Wa jo, wat waren hei d’Resultater? Wa nee, wäerten d’Ministeschen esou Entrevuen organiséieren?

  3. Kann eng Sproochausgabfonktioun op engem Automat och fir Cliente notzbar gemaach ginn? Ass de Ministesche bekannt wat fir Ännerungen heivir néideg wieren, fir d’Funktioun dem Client zougänglech ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6764

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen