Aarmutsrisiko am drëtten Alter

Eng Persoun, déi zu Lëtzebuerg manner wéi 2177€ de Mount an der Hand huet, läit ënnert der Aarmutsrisikogrenz a leeft Gefor, hir Grondbedierfnisser net méi alleguerten decken ze kënnen, wa se keng Suen op der Säit huet. Ronn ee Fënneftel vun de Mënschen zu Lëtzebuerg liewt ënnert der Aarmutsrisikogrenz, wann een d’Zuele vum STATEC an Eurostat kuckt. 

Virun allem am Alter ass de Risiko an d’Aarmut ze fale grouss, wann ee keng eege Wunneng besëtzt, keng grouss Kapitalreserven huet an nëmmen eng kleng Pensioun kritt. Dës Situatioun ass awer fir vill Leit eng Realitéit hei am Land.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune bezéien aktuell eng Pensioun zu Lëtzebuerg a wunnen och hei?
    Wéi vill Pensionnairë mat enger Adress zu Lëtzebuerg verdéngen netto aktuell eng Pensioun vu manner wéi 2200€ de Mount? 

  2. Wéi vill Steierzueler, déi eng Pensioun bezéien, ginn aktuell an der Steierklass 1 besteiert?
    Wéi vill Steierzueler, déi eng Pensioun bezéien, ginn aktuell an der Steierklass 1a besteiert?

  3. Wéi vill Prozent vun de Pensionnairen an der Steierklass 1 an 1a, déi hei am Land liewen, falen ënnert d’Aarmutsrisikogrenz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7625

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen