Aus dem Rapport d’activités 2019 vun der ADEM, deen de 16ten September publizéiert gouf, geet ervir, dass nach ëmmer ze vill Léit hei am Land mat Aarbechtslosegkeet ze kämpfen hunn. Dëst trëfft virun allem déi vulnerabelst Bevëlkerungsschichten, ewéi Léit, déi als Demandeurs d’emploi handicapés oder à capactié de travail réduite ugemellt sinn, grad esou wei jonk Erwuessener. Zousätzlech wësse mer duerch Tëscherapporte vun der ADEM aus denen lëschen Méint, dass d’Situatioun sech duerch d’Coronavirus Kris dramatesch zougeschrauft huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Aus dem Rapport d’acitivtés 2019 geet ervir, dass 23% vun den Aarbechtsichenden ënnert 30 Joer méi wéi 1 Joer bei der ADEM ageschriwwe sinn. Wei vill Jonk Erwuessener ënnert 25 Joer si méi wéi 12 Méint bei der ADEM ageschriwwen? Duerch d’Europäesch Jugendgarantie sollt u sech all Jonken ënnert 25 innerhalb vu 4 Méint eng Aarbecht oder ee passende Stage ugebuede kréien. Wéi erkläert sech de Minister, dass trotz dëser Jugendgarantie vill Jonker esou laang no enger Aarbecht sichen?
-
Bei der Unzuel un Demandeurs d’emplois handicapés an à capacité réduite huet sech säit 2017 Zueleméisseg kaum eppes geännert. Wéi erkläert sech de Minister dës Stagnatioun?
-
Am Rapport ass och ze liesen, dass d’ADEM 2019 189’415 Uriff traitéiert, respketiv weidergeleet huet. Wéi vill Uriff si bei der ADEM agaangen, déi net traitéiert gouffen?
-
D’ADEM ënnerscheed an hire Statistiken tëscht Frontalieren a Residenten. Lo ass et esou, dass ëmmer méi Lëtzebuerger sëlwer zu Frontaliere ginn. Zitt de Minister a Betruecht, fir dës Fäll eng eenzel statistësch Kategorie ze erstellen?
-
An de rezenten Zuele vun der ADEM vum Juli 2020 ass ze gesinn, dass d’Unzuel un Offres d’emploi säit Februar dramatesch gefall ass (25,9% an engem Joer). D’Unzuel vun den Demandeurs d’emplois ënnert 25 ass par rapport zum Juli 2019 ëm 59,1% geklommen. Wat fir konkret Mesurë proposéiert de Ministère fir dës Situatioun erëm an de Grëff ze kréien?
QP Nummer 2854