Aarbechtsaccidenter mat THC am Blutt

Dat neit Gesetz zur partieller Legaliséierung vum Cannabis ass an der Chamber ugeholl ginn. D’Toleranzgrenz fir mat Cannabis hannert dem Stéier ze setze läit mat 1ng/ml beim klengst méigleche Wäert. Generell kann et Deeg daueren, bis den THC-Taux erëm ënnert déi 1ng/ml fält. D’Fro stellt sech wat geschitt, wann eng Persoun den Dag virun der Aarbecht Cannabis consomméiert an den Dag (oder déi Deeg) duerno dann an een Aarbechtsaccident verwéckelt wier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass eng Persoun, der hiren THC-Gehalt am Blutt iwwert 1ng/ml läit, déi awer net op der Aarbecht konsuméiert huet, vun der Assurance Accident couvréiert?
  2. Ass eng Persoun, der hiren THC-Gehalt am Blutt iwwert 1ng/ml läit, déi awer net op der Aarbecht konsuméiert huet, vu privaten Aarbechtsassurancë couvréiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8136

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene