FRO.LU: Chantier um Viadukt Mënsbech op der A1

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Zënter 2 Joren ass ee Schantjen um Viadukt Mënsbech op der A1. Den Informatiounen op cita.lu no, soll de Schantje fir d’Schoulrentrée dëst Joer endlech fäerdeg ginn, zur Freed vu ville Leit déi d’Streck all Dag musse fueren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet de Schantjen op dëser Plaz esou laang gedauert? Bewäert d’Ministesch d’Dauer als normal, am Verglach zu änlechen Aarbechten hei am Land oder am Ausland?

  2. Kann d’Ministesch bestätegen, dass de Schantjen de 15te September 2025 wäert fäerdeg ginn an een ab dem 15te September erëm mat 130km/h iwwert dës Plaz fuere kann?

  3. Kann d’Ministesch erklären, firwat 2024 fir dëse Schantje keng Ausnam zum Congé collectif gefrot gouf?

Fro n°2615

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2615

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen