Camionstraffic duerch den Zentrum vu Réimech

Wéi d’Press gemellt hat, gouf et zu Réimech ee schwéieren Accident, wou ee Foussgänger vun engem Camion ugestouss gouf an nach op der Plaz gestuerwen ass. 

Zënter dass d’Camionen d’Opfaart fir op A13 net méi dierfen notzen, ass d’Trafficssituatioun am Zentrum vu Réimech iwwert Jore méi schlëmm ginn, well honnerten Camionen pro Dag duerch Réimech fueren, fir d’Nationalstrooss ze benotzen, fir schlussendlech dann d’Autobunnsopfaart zu Mondorf eropzefueren. 

Den Accident ass am Stadzentrum vu Réimech virgefall an et war net deen Éischten. A menger parlamentarescher Fro n°6331 virun 3 Joren hat ech schonns op d’Situatioun zu Réimech higewisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Ministesch d’Autobunnsopfaahrt Réimech/Schengen fir op d’A13 erëm opmaachen, fir esou de Camionstraffic duerch Réimech ze reduzéieren?
    Falls nee, wéi eng Moossnahmen wäerten elo geholl ginn, fir den Zentrum vu Réimech verkéierstechnesch endlech méi sécher ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1927

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt