Illegal Douaneskontrolle wärend COVID-19?

An de Questions parlementaires N°2074 vum Deputéierte Léon Gloden an N°2148 an N°2254 vu mir, krut de Minister schonns eng Rei Froen iwwert d’Douaneskontrollen un de Grenze wärend dem COVID-19-Lockdown gestallt. Deemools huet de Minister an der Äntwert ob d’Fro N°2074 gesot, dass hien eng legal Basis fir d’Kontrolle géif gesinn. Konkret huet et an der Äntwert geheescht: “Partant, les douaniers luxembourgeois pouvaient légalement non seulement contrôler les automobilistes voulant franchir la frontière, mais également vérifier qu’ils respectaient la réglementation allemande relative à l’entrée sur le territoire allemand.”

D’Präsentatioun vum Avis juridique vum Maître Kohnen op der Generalversammlung vun der Douanesgewerkschaft huet e Méinden awer gewisen, dass d’Aschätzung vum Minister net onkontestéiert ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bleift de Minister och no der Publikatioun vum Avis juridique vum Maître Kohnen bei senger Opfaassung, dass d’Grenzkontrollen am Kader vun der Covid-Pandemie legal waren?

  2. Plangt de Minister gesetzlech Adaptatioune virzehuelen, fir an dësem Dossier an Zukunft méi Kloerheet ze schafen?
    Falls jo: Wéi eng Ännerungen un de Gesetzestexter sinn ze erwaarden?
    Falls nee: Wäert d’Douane an Zukunft net méi fir Grenzkontrollen, wéi se am Fréijoer stattfonnt hunn, agesat ginn?

  3. Wéi eng Konsequenzen zitt de Minister aus de genannten Evenementer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2874

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen