Danielle Girs

Bonjour

Mäin Numm ass Danielle Girs, ginn awer ëmmer Dani geruff, wat ech selwer och léiwer hunn.

Als echte Minettsdapp sinn ech zu Esch/Uelzecht gebuer an och grouss ginn an ech schwätzen

vun der Long op Zong a soe wat ech denken.

Meng Kandheet war alles wei net einfach an dat huet mech zu dem gemaach wat ech haut sinn.
Ech si séit 2017 gescheet, hunn 2 Kanner (Meedercher) fir déi ech alles maachen

Schaffe maachen ech bei der Piratepartei Lëtzebuerg an et ass net just méi Job mee

och meng Partei fir déi ech och elo mat an d’ChamberWale ginn.

A menger Fräizäit maachen ech ganz vill Aktivitéite mat de Kanner , gi vill eraus an Natur mam Mupp spadséieren an

interesséiere mech fir Motorsport .

Mäin Liewensmotto ass: “no Risk no Fun“

an ‘No all biergof geet et och nees biergop’ .

Ech engagéiere mech politesch , well ech fannen dass et endlech Zäit geet fir Verännerungen.

Well ech ëmmer hu misste kämpfen, an dat haut nach, ass et fir mech wichteg dass eppes geschitt, well sou

wei et elo ass ,ass et net méi schéin.

Meng 3 politesch Schwéierpunkttheme sinn :

Familljepolitik ,Déiereschutz ,Naturbaséiert Medezin an d’Legaliséierung vum Cannabis .

#Lëtzebuerg 2018

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene