Système électoral

Den Artikel vum 169 vum Walgesetz gesäit Folgendes fir : 

“L’électeur qui souhaite voter par correspondance doit en aviser le collège des bourgmestre et échevins de la commune d’inscription et demander sa lettre de convocation.
Est à considérer comme commune d’inscription au Grand-Duché de Luxembourg, la commune du domicile, à défaut la commune du dernier domicile, à défaut la commune de naissance, à défaut la Ville de Luxembourg.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Wieler hunn sech bei de leschte Legislativwalen fir de Vott par Correspondance entscheet a sinn automatesch dem Bezierk Zentrum, respektiv der Gemeng Staat Lëtzebuerg zougewise ginn ?

  2. Ass virgesinn, an Zukunft d’Wielerinnen a Wieler selwer entscheeden ze loossen a wéi engem Bezierk se wëlle par correspondance wielen, falls sie weder zu Lëtzebuerg domiciliéiert sinn, nach ee Wunnsëtz an enger lëtzebuergescher Gemeng haten, nach zu Lëtzebuerg gebuer sinn ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2493

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt