Konkludenz vun den Sars-Cov-2-Tester

Fir d’Verbreedung vum Coronavirus genee kënnen ze retracéieren an anzedämmen, hat d’Regierung decidéiert, fir mam Luxembourg Institute of Health d’lëtzebuergesch Bevëlkerung an d’Frontaliere groussflächeg op de Sars-Cov-2-Virus testen ze loossen. Insgesamt goufe schonn iwwert 100 000 Persounen op de Coronavirus getest.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Tester, an absolutten Zuelen an am Verhältnis zur Gesamtzuel vu realiséierten Tester, ware bis ewell net konkludent?

  2. Wéi héich evaluéiert de Gesondheetsministère d’Feehlerquote vun den Tester? 

  3. Wéi eng Faktoren beaflossen d’Validitéit vun den Tester am meeschten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2394

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene