Kärinfrastrukturen beim 5G

A menger parlamentarescher Fro n°78 hat ech de Premierminister iwwert d’Sécherheet a Vertraulechkeet vun de Kommunikatiounsreseaue befrot. Deemools war jo säitens der US-Regierung beschloss gi keng Equipementer vun Huawei méi an hirem sougenannte “Core” vum Kommunikatiounsreseau anzesetzen. D’lëtzebuergesch Regierung huet hei net ausgeschloss chinesesch Technologien am Kär vun eise Kommunikatiounsinfrastrukturen ze verbidden. Weider schreiwen d’Ministeren:

“”Aktuell verfügt d’Regierung net iwwert genuch corroboréiert Fakte fir esou eng Mesure ze huelen, mee wann dëst sech géing ënneren, da misst eng Reevaluatioun gemaach ginn.””

Tëschenzäitlech huet d’Regierung, am Juni 2019, eng ëffentlech Ausschreiwung fir Projeten am Kontext vum 5G gestart. Heibäi ass d’Post als Koordinator am Beräich “Network Security” festgehale ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech d’Faktelag, wat d’Benotzung vu chineseschen Technologien an eise Kärkommunikatiounsinfrastrukturen ugeet, verännert? Wéi eng Rapporte leien der Regierung hei vir?

  2. Wéi eng Sécherheetskrittären an Technologiesufuerderunge goufen am Domän vun der Network Security festgehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2320

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene